
Lieshond
C'est ton événement ?
Liese fërdere mat Hënn: mellt Äert Kand fir 30 Minutte Virliesen un Lieshënn ginn ëmmer méi beléift, an dat net ouni Grond: Studien ënnersträichen de positiven Effekt déi Lieshënn op Kanner hunn, sief et op d’Lieskompetenz, d’Selbstvertrauen oder d’Freed um Liesen. Eis Hënn sinn ausgebilte Lieshënn a «lauschteren» dem Kand beim Virliesen no, ënnerstëtzt gëtt dat Ganzt mat Liesspiller bei deenen den Hond deelhëlt an sou zousätzlech motivéiert. D’Eltere kennen hir Kanner ab 15:30 fir ee Lieshond-Slot aschreiwen. Beim Lieshondnomëtteg si keng extern Hënn erlaabt. - - - Sproochen: Lëtzebuergesch, Deutsch, Français, Anglais Zillgrupp: Kanner (7 – 12 Joer) an hir Vertrauenspersoun (Elteren, Grousselteren, ...) Information & Umeldung: [email protected] A Kooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.












