
Kapoutty
Duo Serge Tonnar & Georges Urwald liesen a spillen en eemolege Rezital mat neien Arrengementer aus dem Album KAPOUTTY
**De Poutty Stein, gliddeg aus der Pan.** Den Duo Serge Tonnar a Georges Urwald interpretéiert zanter 2019 Lëtzebuerger Klassiker op eng radikal nei Aart a Weis. Lidder, déi een dacks nach méi oder manner am Ouer huet, erlieft een hei op eng opgefrëschte Manéier. Dem Serge seng bal erzieleresch Interpretatioun an dem Georges seng Pianoskläng, déi wéi d’Fauscht op d’A passen, setzen esou den Text an d‘Geschichten an de Mëttelpunkt. No Lidder aus dem 19. Joerhonnert, mam Programm *Aus der Heemecht*, hunn si elo hiren neien Album *KAPOUTTY* am Gepäck: Lidder vum Poutty Stein, dem Papp vun der lëtzebuergescher Chanson, wéi een se nach nie héieren huet. Nieft Klassiker wéi „Déi Schnëss“ oder „De schéine Poli“, kritt een och manner Bekanntes – dofir net manner opreegend – ze héieren. Genëschelt an de Programm agemëscht hunn sech och e puer Klassiker an onbekannten Texter vum grousse Virgänger, dem Dicks, déi aus dem Owend en eemolege Rezital vu lëtzebuergeschem Liddergutt maachen.
Même lieu : Kinneksbond — Centre Culturel Mamer
12Et si vous tentiez …
Des envies qu'on ne vous montre pas encore, mais qui bougent près de chez vous.












