
Schreifworkshop: Reesen
sábado 27 junho · 14:30
Até 16:00
5 av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC), L-2132, Luxembourg
Intergenerationaler Schreifworkshop mat der Autorin Manon Della Siega fir Elteren a Kanner (ab 8 Joer) fir e klengt Buch ze kreéieren
Een intergenerationalen Schreifworkshop zum Thema Reesen.
Hei am Workshop mat der Autorin Manon Della Siega kënne Grouss a Kleng zum Thema Reesen e klengt Buch schreiwen a gestalten. Angscht virum eidele Blat muss een net hunn: mat spilleresche Schreifiddien kënnt d’Kreativitéit vum selwen an d’Fléissen.
Et handelt sech ëm en intergenerationale Workshop, wou Kanner zesumme mat hiren Elteren oder Grousselteren kreativ kënne ginn.
Umeldung bis: 26.06.2026 Entrée: Gratis Zillgrupp: Elteren mat Kanner ab 8 Joer A Cooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.









