
Kichegerabbels
Musikalescht a visuellt Objetstheater fir Kanner 6–10 Joer baséiert op La Revue de Cuisine
**Eng musikalesch Erzielung mat Kammermusek a Bräiläffel fir Kanner tëschent 6 an 10 Joer.** Nu kuck, an op eemol ass d’Kichegeschier lieweg ginn! Tëscht gefëllte Croissanten a geblimmelten Téitase schwieft e klengt Zockerdëppchen duerch eng fantastesch Welt: Nëssknacker, déi danzen, Jellis-Téikäpp, déi am Däischtere liichten … et dämpt an dréint a rabbelt a réiert. An dann ass do nach deen tockskäppegen Deckel, deen net esou richteg bei säin Dëppche wëllt passen … *Kichegerabbels* verbënnt d’Wierk *La Revue de Cuisine* vum Bohuslav Martinů mat Objetstheater an Erzielung a weist op spilleresch a visuell Aart a Weis, wéi d’Kiche kann zur Bün ginn. Musek, Beweegung a Sprooch fléissen aneneen an erméiglechen eis e ganz neie Bléck op Géigestänn, déi mir all Dag benotzen ouni all ze vill iwwert se nozedenken.
**Fir dëse Spektakel fir jiddereen zougänglech ze maachen, kënnen d’Schoulvirstellungen op Ufro als „relaxed performance“ ugebuede ginn. Dëst Format schaaft e labberen an entspaate Kader, deen sech besonnesch fir Mënsche mat Handicap, neurodivergent Persounen a Leit, déi Konzentratiounsschwieregkeeten, Angscht oder chronesch Péng hunn, eegent. Fir weider Informatiounen a Froen dozou, kënnt Dir eis gäre kontaktéieren.**
To samo miejsce: Kinneksbond — Centre Culturel Mamer
12A może spróbujesz …
Rzeczy, których jeszcze nie pokazujemy, ale które dzieją się blisko ciebie.












